www.legotrip.lu
Bopebistro - Legotrip
Kee Néon vrun der Dir
Kee Schëld an enger Rumm
Kee Parking fir d Gefier
Dee Bistro hat kee Numm
Bei engem Humpen an enger Drëpp
sëtzen d’Bopen um Stamminee beim Pëpp.
Bei engem Humpen an enger Drëpp
sprangen d Bopen dem Doud vun der Schëpp.
4x
Haut steet do eng Bank,
A wa mir bis Bope sinn,
Eleng an aal a krank
Wou gi mir dann hin ?
(x2)
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sëtze mir da wann et kee Pëpp méi gëtt ?
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp
Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp ?
4x
An d’Moral wann et eng gëtt,
Dir Meedecher a Jongen,
Net ëmmer heescht de Fortschrëtt,
Datt mer och viru kommen.
(x2)
Drénkt mol en Humpen, drénkt mol eng Drëpp
Wéi deemools d Bopen um Stamminee beim Pëpp !
Bei engem Humpen, an enger Drëpp -
Sprangt mat de Bopen dem Doud vun der Schëpp !